Musekschoul-Partnerschaft tëscht 5 europäesche Musekschoulen aus Wäin-Regiounen
Mëttwochs, de 26. Februar 2025 huet d’Regional Maacher Musekschoul zu Klosterneuburg an Ëisterräich
eng Partnerschaft mat 4 aner europäesche Musekschoulen aus Wäin-Regiounen ënnerschriwwen.
Déi 4 Partner-Musekschoule sinn:
- Kreismusikschule Südliche Weinstraße Landau (Däitschland)
- École municipale BolérO musique et danse Oberhausbergen-Mittelhausbergen (Frankräich)
- J.G. Albrechtsberger Musikschule Klosterneuburg (Eisterräich)
- Csermák Antal Elementary School of Art Veszprém (Ungarn)
Zil vun der Partnerschaft
D'Partner verpflichte sech, d'musikalesch a kulturell Bildung vun hire Schüler duerch gemeinsam
Aktivitéiten a Projeten ze beräicheren an d'Versteesdemech an d'Frëndschaft tëscht den Musekschoulen
ze verdéiwen. Dëst soll am Interesse vun de Jonken an de Schüler geschéien an zur Fërderung vun engem
oppenen, grenziwwerschreidenden Europa bäidroen.
Geplangte gemeinsam Aktivitéiten
- Schüleraustausch Programmer
- Enseignants-Austausch a Fortbildungen
- gemeinsam Concerten aner musikalesch Projeten
Eischte gemeinsame Projet
Samschdes, de 14. Juni 2025, um 18.30 Auer, fënnt am Centre culturel Machera en éischte gemeinsame
Concert, mat der Participatioun vun den Orchestere vun de 5 Partner-Musekschoulen statt.